Feuerbohren Mandala

Blog

Aféierung an d’Erliefnes-Pädagogik

02.01.2012

Wéini

  •  17. an 18. März  2012

Schwéierpunkter

  • Geschichtlechen Abléck an d’Erliefnespädagogik
  • Grondprinzipien aus der Erliefnespädagogik
  • Kooperatiounsaktivitéiten
  • Team-Buildings Aufgaben
  • Reflektiounsaarbecht
  • Transfer an der Erliefnespädagogik
  • Stark Erliefnesser an der Natur
  • Vertrauensübungen

Viraussetzung Participanten

  • Mindestens 8, maximum 16
  • Volljähregkeet
  • Op iergend eng Art a Weis schonn Erfahrung am Ëmgang mat/a Gruppen
  • Fräiwellëgkeet an Interessi, Participatiounsbereedschaft

Käschtepunkt:

  • Gerechent mat 16 Participanten a mat 12 Stonnen aktivem Programm
  • 2 mol Mëttegiessen abegraff
  • +- 150€ pro Persoun

Dauer:             

  • Samstes, de 17. März 2012, vun 9.30 bis 18.00
  • Sonndes, den 18. März 2012, vun 9.30 bis 16.00

Wou:      A Mouschelt, Veräinsbau vun der Gemeng Lëntgen

 

Inscription an Infoen:

contact@freac.lu an op www.freac.lu

Fir Inscriptioun komplett ze machen, iwerweist weg en Accompte vu 50€ (net erstattbar) op eise Konto an dei rescht 100€ bis spéitenstens den 9. Mäerz 2012.

De ganze Programm eroflueden

Rentrée SNJ

07.10.2011

Haut de Moien (07.10.2011) haate mir e Stand op der Rentrée vum Service National de la Jeunesse.
Mir hun profitéiert fir enger grousser Unzuel vu Sozialaarbechter Informatiounen iwwert FREAC asbl ze ginn, a Reklamm fir Erliewnispädagogik hei a Lëtzebuerg ze man.

SNJ Rentée

Um Stand konnte sech Gäscht direkt un 2 Memberen vu FREAC wenden, fir méi spezifesch Informatiounen iwwert 1. Hëllef Formatioun, Initiations Deeg, Literatur an Erliefnes-Pädagogik ze kréien.

1. Hëlleff Dobaussen (Formatioun)

07.10.2011

Mir bei FREAC bilden all eis Trainer regelelméisseg an 1.Hëllëff aus. En kompetenten Partner an dësem Beräich ass d’Outdoorschule Süd vun Freiburg, déi och schons virun 2 Joer bei eis waren.

E puer Plaatzen sin nach fräi, an wanns Du Loscht hues, dës Chance ze notzen, fënns Du méi Infos am Dokument ennendrënner.

Zeck net, Dech bei eis ze mellen, wann Froen sin !

http://www.freac.lu/wp-content/plugins/downloads-manager/img/icons/pdf.gif download: Erste Hilfe Outdoor (120.06KB)
added: 07/10/2011
clicks: 95
description:

Initiatioun an d’Erliewnispädagogik

07.10.2011

Wéi schons virun 2 Joer bidden mir fir all Intresséiert en Initiatiouns-Weekend an d’Erliefnispädagogik un.
Méi Informatiounen fënns Du am Dokument hei ennendrenner.
Wanns de Froen hues, kanns Du Dëch gär mellen!

http://www.freac.lu/wp-content/plugins/downloads-manager/img/icons/pdf.gif download: Initiatioun Erliefnispädagogik (113.58KB)
added: 07/10/2011
clicks: 125
description:

Initiatioun an d’Erliefnispädagogik

07.10.2011

Et ass endlëch rem e weidere Initiatiouns-Weekend an d’Erliefnispädagogik geplangt.
Dat ganzt fënnt zu Lëntgen “A Mouschelt” statt.

De Präis ass op 150 EUR fir de Weekend festgeluegt.
D’Onkäschte fir de Programm an d’Iessen (Mëttes) sinn domadder gedeckt.

Inhalter vun der Formatioun sin ennert aanerem:

• Geschichtlechen Abléck an d’Erliefnespädagogik
• Grondprinzipien aus der Erliefnespädagogik
• Kooperatiounsaktivitéiten
• Team-Buildings Aufgaben
• Reflektiounsaarbecht
• Transfer an der Erliefnespädagogik

MEI INFOS HEI !

SNJ Rentrée

22.09.2011



Freides, de 7. Oktober 2011 organiséiert de Service National de la Jeunesse ee Rentrées-Dag. Op dësem Dag ginn déi verschidden Aktivitéiten a Servicer vum SNJ virgestallt. Doniewt hunn awer och aner Associatiounen d’Méiglechkeet hier Programmer ze präsentéieren. FREAC ass och op der Plaz, an zwar ass dat am Centre de Rencontre zu Esebuer.

Mir plënneren

13.09.2011

Nodeems mir eisen Stockage-Raum zu Lorentzweiler hu missten opgin, war d’Gemeng Lëntgen immens flexibel, an huet eis en Raum zur Verfügung gestalt. Den 21. September get zu Lëntgen um aale Campëng den neie Festsall “A Mouschelt” ageweit, hannert deem mir an Zukunft en neien Stockage-Raum kennen notzen. Grousse MERCI dofir!

Comité

13.09.2011

Comité

13.09.2011

1.Hilfe Outdoor

13.09.2011



Genau wéi firun 2 Joer bilden all d’Freac Trainer sech weider an 1.Hëlleff.
Dofir kommen rem Trainer vun der Outdoor-Schule Sud op Lëtzebuerg.

E puer Plaatzen sin nach fräi fir Externer, MEI INFOS HEI !

EnglishDeutschFrançaisLëtzebuergesch