Blog
Aféierung an d’Erliefnes-Pädagogik
2 January 2012Wéini
- 17. an 18. März 2012
Schwéierpunkter
- Geschichtlechen Abléck an d’Erliefnespädagogik
- Grondprinzipien aus der Erliefnespädagogik
- Kooperatiounsaktivitéiten
- Team-Buildings Aufgaben
- Reflektiounsaarbecht
- Transfer an der Erliefnespädagogik
- Stark Erliefnesser an der Natur
- Vertrauensübungen
Viraussetzung Participanten
- Mindestens 8, maximum 16
- Volljähregkeet
- Op iergend eng Art a Weis schonn Erfahrung am Ëmgang mat/a Gruppen
- Fräiwellëgkeet an Interessi, Participatiounsbereedschaft
Käschtepunkt:
- Gerechent mat 16 Participanten a mat 12 Stonnen aktivem Programm
- 2 mol Mëttegiessen abegraff
- +- 150€ pro Persoun
Dauer:
- Samstes, de 17. März 2012, vun 9.30 bis 18.00
- Sonndes, den 18. März 2012, vun 9.30 bis 16.00
Wou: A Mouschelt, Veräinsbau vun der Gemeng Lëntgen
Inscription an Infoen:
contact@freac.lu an op www.freac.lu
Fir Inscriptioun komplett ze machen, iwerweist weg en Accompte vu 50€ (net erstattbar) op eise Konto an dei rescht 100€ bis spéitenstens den 9. Mäerz 2012.
Rentrée SNJ
7 October 2011Haut de Moien (07.10.2011) haate mir e Stand op der Rentrée vum Service National de la Jeunesse.
Mir hun profitéiert fir enger grousser Unzuel vu Sozialaarbechter Informatiounen iwwert FREAC asbl ze ginn, a Reklamm fir Erliewnispädagogik hei a Lëtzebuerg ze man.

Um Stand konnte sech Gäscht direkt un 2 Memberen vu FREAC wenden, fir méi spezifesch Informatiounen iwwert 1. Hëllef Formatioun, Initiations Deeg, Literatur an Erliefnes-Pädagogik ze kréien.
1. Hëlleff Dobaussen (Formatioun)
7 October 2011Mir bei FREAC bilden all eis Trainer regelelméisseg an 1.Hëllëff aus. En kompetenten Partner an dësem Beräich ass d’Outdoorschule Süd vun Freiburg, déi och schons virun 2 Joer bei eis waren.
E puer Plaatzen sin nach fräi, an wanns Du Loscht hues, dës Chance ze notzen, fënns Du méi Infos am Dokument ennendrënner.
Zeck net, Dech bei eis ze mellen, wann Froen sin !
|
|
download: Erste Hilfe Outdoor (120.06KB) added: 07/10/2011 clicks: 95 description: |
Initiatioun an d’Erliewnispädagogik
7 October 2011Wéi schons virun 2 Joer bidden mir fir all Intresséiert en Initiatiouns-Weekend an d’Erliefnispädagogik un.
Méi Informatiounen fënns Du am Dokument hei ennendrenner.
Wanns de Froen hues, kanns Du Dëch gär mellen!
|
|
download: Initiatioun Erliefnispädagogik (113.58KB) added: 07/10/2011 clicks: 125 description: |
Initiatioun an d’Erliefnispädagogik
7 October 2011Et ass endlëch rem e weidere Initiatiouns-Weekend an d’Erliefnispädagogik geplangt.
Dat ganzt fënnt zu Lëntgen “A Mouschelt” statt.
De Präis ass op 150 EUR fir de Weekend festgeluegt.
D’Onkäschte fir de Programm an d’Iessen (Mëttes) sinn domadder gedeckt.
Inhalter vun der Formatioun sin ennert aanerem:
• Geschichtlechen Abléck an d’Erliefnespädagogik
• Grondprinzipien aus der Erliefnespädagogik
• Kooperatiounsaktivitéiten
• Team-Buildings Aufgaben
• Reflektiounsaarbecht
• Transfer an der Erliefnespädagogik
SNJ Rentrée
22 September 2011
Freides, de 7. Oktober 2011 organiséiert de Service National de la Jeunesse ee Rentrées-Dag. Op dësem Dag ginn déi verschidden Aktivitéiten a Servicer vum SNJ virgestallt. Doniewt hunn awer och aner Associatiounen d’Méiglechkeet hier Programmer ze präsentéieren. FREAC ass och op der Plaz, an zwar ass dat am Centre de Rencontre zu Esebuer.
Mir plënneren
13 September 2011Nodeems mir eisen Stockage-Raum zu Lorentzweiler hu missten opgin, war d’Gemeng Lëntgen immens flexibel, an huet eis en Raum zur Verfügung gestalt. Den 21. September get zu Lëntgen um aale Campëng den neie Festsall “A Mouschelt” ageweit, hannert deem mir an Zukunft en neien Stockage-Raum kennen notzen. Grousse MERCI dofir!

Comité
13 September 2011Comité
13 September 20111.Hilfe Outdoor
13 September 2011
Genau wéi firun 2 Joer bilden all d’Freac Trainer sech weider an 1.Hëlleff.
Dofir kommen rem Trainer vun der Outdoor-Schule Sud op Lëtzebuerg.
E puer Plaatzen sin nach fräi fir Externer, MEI INFOS HEI !





