Philosophie
An eiser moderner durchorganiséierter Gesellschaft komme wichteg Werter a Fähegkeeten dacks ze kuerz, ouni déi en Zesummenliewen oder en Zesummenschaffe schwiereg ass. Dës Werter an Fähegkeeten ginn als Schlësselqualifikatiounen bezeechent an sinn op kengem schouleschen Diplom ze fannen. Si maachen awer e groussen Deel vun der Perséinlechkeet vun engem Mensch aus.
Hei geet et zum Beispill ëm Teamfähegkeet, Belaaschtbarkeet, Wäertschätzung Problemléisungskompetenz, Emgang mat Stress a.s.w.
FREAC huet sech zum Ziel gesat, Gruppen an Trainingssituatiounen, Outdoorübungen an aanere Prozesser ze begleeden, wou déi eenzel Persounen an daat ganzt Team an dese Beräicher gefuedert get. Durch Erliefnisser an desen « gestaltene » Situatiounen sollen Erfahrungen entstoen, déi verënnerlecht, a mat an den Alldag geholl kenne ginn. Durch dat spillerescht an aktivt Matmaachen vun de Persoune während dese Prozesser, hunn déi eenzel Persounen d’Méiglechkeet, hier Schlësselqualifikatiounen ze verdéiwen.





